![IMG_2344.JPG](https://static.wixstatic.com/media/56ca0d_11bf1e1e50eb48759a6fad5160a801f7~mv2.jpg/v1/fill/w_783,h_522,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/56ca0d_11bf1e1e50eb48759a6fad5160a801f7~mv2.jpg)
Studentenopruff
![MiniLenster2025_Logo.png](https://static.wixstatic.com/media/56ca0d_f619eb990dd64ac3b371e3b3c4018a16~mv2.png/v1/fill/w_461,h_420,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/MiniLenster2025_Logo.png)
Am Joer 2025 gëtt déi 8 Editioun vun onser Kannerspillstad an
d’Liewe geruff an dat dës Kéier vum 21. Juli – 01. August 2025
all Dag vun 10:00 – 17:00 Auer (ausser de Samsden a Sonnden).
​
Dëst Joer siche mer Studenten vu 16 Joer an driwwer
-> Opruff2025.pdf
BREVET A Formatioun am Lënster Päiperlék
Hei fënns du den Opruff fir de Projet Mini-Lënster 2025.
Ausserdeem sinn an der PDF och d'Datumer fir d'Formatioun Brevet A uginn. Dës Formatioun ass obligatoresch, wanns de wëlls um Projet matmaachen.
Du kanns dës Formatioun awer och soss anzwousch maachen an et muss net onbedéngt bei eis, an der Maison Relais Paiperlék, sinn.
Wann s du gären um Projet deelhuele wëlls, schéck eis wgl. deng Dokumenter entweder per E-Mail oder per Post an d'Maison Relais Junglinster.
Wichteg: D’Zuel vu Studentenjobpen ass limitéiert. Dofir kënne mir leider net garantéieren, datt jiddereen no der Brevet-Formatioun als Student um Projet deelhuele kann.
Wann s de nach Froen hues, mell dech einfach bei eis!
​
Merci a bis geschwënn! 😊
![IMG_4336.heic](https://static.wixstatic.com/media/56ca0d_6821bf4911514f198309c93c4b4fcd6b~mv2.png/v1/fill/w_491,h_873,al_c,q_90,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/56ca0d_6821bf4911514f198309c93c4b4fcd6b~mv2.png)